Indochine Alice et June wurde in Luxemburg Album der Woche ;)...
Am Mee 1980 grënnt den NICOLA SIRKIS an den DOMINIQUE NICOLAS d'Band INDOCHINE. 1 Joer drop am September spillen sie fir die éischten Kéier an der Paraiser Disko LE ROSE BONBON. Mat op der Bühn stin den Saxophonist DIMITRI BODANSKI an den Sequencer an Brudder vum NICOLA den STEPHANE SIRKIS. Kuerz drop ënnerschreiwen INDOCHINE bei der eenzeger Plakkenfirma déi hinnen net firschraiwt den Numm INDOCHINE ze änneren. 2 Méint mie spéit gin d'Titelen FRANçOISE an DIZZIDENCE POLITIK opgeholl. Am Fréijoer 1982 assuréiert INDOCHINE den Virprogramm vun TAXI an Frankraich an a ganz Europa. Den 15ten November kënnt den éischten Cd L'AVENTURIER an d'Geschäfter an 6 Méint mie spéit get d'Single L'AVENTURIER den Summerhit 1983. Den nächsten Cd LE PERIL JAUNE get 225.000 mool verkaaf. Mam Cd INDOCHINE an den Singlen 3EME SEXE, CANARY BAY an 3 NUITS PAR SEMAINE glëckt der Band den définitiven Duerchbroch. Daat selwecht Joer, filmt an réaliséiert den SERGE GAINSBOURG den Video fir TES YEUX NOIRS. Am Februar 1987 geet et openaits an den Studio fir den Album 7000 DANSES opzehuelen. Een Joer mie spéit wiisst den Succés vun INDOCHINE iwwert d'Grenzen vun Europa eraus. Zu MONTREAL an Kanada spillt d'Band virun 5000 Lait an am PERU hun 45.000 Fans den Wee op den Konzär vun INDOCHINE fonnt. 1990 kënnt den CD LE BAISER ouni den DIMITRI eraus. 2 Joer noom 10ten Anniversaire vun INDOCHINE brëngt den NICOLA SIRKIS en Solo Longplayer eraus. Do presentéiert hien Reprisen vun TEARS FOR FEARS, ROLLING STONES an dem GEORGE HARRSION. No den CD'en UN JOUR, UNITA, WAX an INDO-LIVE get 1999 simultaan mam Doud vum STEPHANE SIRKIS den Cd DANCETARIA opgeholl an erausbruecht. Bis den 19ten Dezember dest Joer war den Cd PARADIZE an d'PARADIZE Welttour daat läscht Liewenszeechen vun INDOCHINE. Mam Duebel-Album ALICE ET JUNE mällen sech INDOCHINE no 3 Joer Abstinenz erem zu Wuert. Alleng d'Nimm vun den eenzelenen Titelen bewaist daat INDOCHINE net stoen bliwwen sin. GANG BANG, VIBRATOR, PINK WATER, HARRY POPPERS an MORPHINE sin nëmmen en puer Beispiller. Et dierf een op d'Resultat gespaant sin.
Bob Konsbruck fir den RTL MUSEKEXPRESS